Wie funktioniert FuDo - Fuerschen Dobaussen?
Videoproduktion: Team-DPAV, SCRIPT
Sprecherin: Julie Lipperts
Wie ist FuDo entstanden? – Das Pilotprojekt
Lernorte an den Schulen sichtbar machen & Lehrpersonen beim Unterricht zu unterstützen mit konkreten Ideen, das war 2020 ausgewiesenes Ziel des FuDo Pilotprojektes. Dabei soll der Forschergeist der Kinder im Mittelpunkt stehen. Aus dem innovativen SCRIPT-Projekt, dass aus einer ersten Projektidee von Joa Baum, Direktor der Schuldirektion 10 und Dr. Andrea Fiedler, Outdoor Science SARL entstanden ist, ist längst eine landesweite FuDo-Bewegung entwickelt. So dass es mittlerweile heissen kann: "FuDos de schonn?"
Welches pädagogische Konzept steckt hinter FuDo?
Kinder haben von Natur aus viele Fragen an die Welt. Mit ihrem ersten Schritt machen sie sich auf den Weg, diese Fragen zu beantworten. Sie entdecken die Natur, ihre Umgebung und suchen sich selbst ihre Erklärungen. So erweitern sie Schritt für Schritt ihr Wissen. Genau wie bei Wissenschaftlerinnen und Wissenschaftler ist der Wissensstand immer ein vorläufiger, d.h. Wissen ist nie endgültig, es kann immer weiter daran geforscht werden.
Forschen macht man mit Methoden. Jede Wissenschaft hat ihre eigenen Methoden. Alle Forschungsmethoden, die in der Naturwissenschaft genutzt werden, sind auch im Unterricht nutzbar. Das Repertoire geht von: Beobachten, Kategorisieren, Ordnen, Experimentieren bis hin zum Modelle bauen.
FuDo verfolgt beim Fuerschen dobaussen das Konzept des forschend entdeckenden Lernens (Inquiry-based Science Education) mit der Differenzierung nach MacKenzie (2016). So startet eine FuDo-Fro in der Regel mit einer Forschungsfrage für die gesamte Klasse und hat einen strukturierten Ablauf (structured inquiry). Dies unterstützt die Lernenden, sich mit dem Forschungsprozess vertraut zu machen.
Alle FuDo-Froen sind von den Kindern eigenständig erforschbar und altersgerecht aufgebaut. Im Bereich FuDo-Thema wird der Forschungsprozess zusehends offener bis hin zum selbst gestalten eines Forschungsprozesses (free inquiry).
Wir als Lehrpersonen sind in der Rolle der Lernbegleitung und der Weggefährten auf der Suche nach den Antworten.
Quelle : MacKenzie, T. (2016). Dive into Inquiry : Amplify Learning and Empower Student Voice, EdTech Team Press.
Outdoor Education: vill Usätz, vill Potentiel a vill Motivatioun
- Wat ass eigentlech Outdoor Education?
-
Udeskole, Abenteurpädagogik, Environmental Education, Wildnispädagogik oder Forest school: Heiansdo ass et schwéier bäi dëse ville pedagogesche Konzepter den Iwwerbléck ze behalen. Mee firwat dann eigentlech esou vill verschidde Begrëffer a Konzepter, geet et net duer, einfach ze soen: „Mir léieren dobaussen“?
Ma dach! A keng Panik, et ass eigentlech guer net esou komplizéiert, wéi ee vläicht mengt. Och wann déi am Ufank genannte pedagogesch Konzepter sech an diverse Punkten ënnerscheeden, fale si alleguerten (esou wéi vill anerer) ënnert den Umbrella-Term „Outdoor Education“. Schonn am Joer 1996, hutt den amerikanesche Pedagog Christian Bisson d‘Prabbelis-Metapher erausgesicht fir d’Feld vum Léieren dobaussen méi iwwersiichtlech duerzestellen (Bisson, 1996). Dobäi ass de Begrëff „Outdoor Education“, de sougenannte Prabbelis-Term ënnert deem sech eng Partie verschidden Usätz verstoppen. Alleguer dës Usätz, zeechne sech doduerch aus, dass baussent dem Klassesall op Basis vun eegenen Erfarunge geléiert gëtt. Allerdéngs ënnerscheede si sech duerch den Inhalt, d‘Methoden, d’Ëmfeld, de Public oder d‘Zil. Wärend sech d’Environmental Education zum Beispill méi op Naturbewosstsinn an Nohaltegkeet fokusséiert, geet et bäi der Abenteuerpädagogik haaptsächlech em kierperlech Fitness esou wéi Teamfäegkeet an d’Udeskole stellt Curriculum baséierend Léieren an de Vierdergrond. Esou hu sech am Laf vun de Joren eng Rei vu verschiddene pedagogesche Konzepter entwéckelt, déi sech oft iwwerschneiden (Jucker & Von Au, 2022).
D’Feld vum Léieren dobaussen ass also riseg grouss an zimmlech divers. Amplaz sech awer elo Gedanken ëm déi verschidde Konzepter an Definitiounen ze maachen, ass et méi interessant oppe fir alleguer déi verschidden Usätz ze bleiwen, se ze kombinéieren a fir sech selwer erauszefannen, wéi d’Schoul dobaussen am beschte funktionéiert. Déi verschidden Usätz hunn nämlech net nëmme gemeinsam, dass baussent dem Klassesall geléiert gëtt, mee och dass si eng ganz Partie Virdeeler mat sech bréngen.
- Firwat da lo dobausse léieren?
-
Net nëmmen d’Erfarungsberichter vun Enseignanten, Kanner an Eltere sinn duerchaus positiv, mee och ëmmer méi international Studie beweisen, dass reegelméissegt Léieren dobausse sech positiv op d’Kanner auswierkt.
D’Léieren dobaussen hutt beispillsweis ee positiven Afloss op d’physesch Gesondheet vun de Kanner. Wann d’Kanner dobausse léieren, sinn si net nëmmen an der frëscher Loft, mee och méi a Beweegung. Doduerch verbessert sech hir Gesamtfitness, hir Grob- a Feinmotorik gëtt trainéiert an hiren Immunsystem gëtt gestäerkt. Eng Studie aus de fréien 2000er beweist, dass Spillschoulskanner aus Norwegen, déi all Dag 1-2 Stonnen am Bësch verbréngen, noweislech ee bessert Immunsystem hunn a manner oft krank sinn (Fjortoft, 2001).
Donieft gëtt och déi mental Gesondheet beaflosst. Fuerschungsresultater bestätegen d’Stress reduzéierend Wierkung vun der Natur: Léieren an der Natur suergt dofir, dass de Cortisol-Level erofgeet an d’Kanner hir Aggressioune besser ofbaue kënnen. Esou sinn si manner gestresst a méi bäi der Saach (Ulrich et al., 1991; Mutz& Müller, 2016).
Och d’Naturverbonnenheet an d’Ëmweltbewosstsinn vun de Kanner ginn duerch d’Léieren dobausse gestäerkt. Iwwer 50 Studie beleeën, dass Erfarungen an der Natur de Schlëssel si fir d’Entwécklung vun engem ëmweltfrëndleche Verhalen (Kuo, Barnes & Jordan, 2019). Ee schéint Zitat vum australesche Professor David Sobel beschreift dës Iddi ganz gutt: “If we want children to flourish, to become truly empowered, let us allow them to love the earth before we ask them to save it.”
Ausserdeem gëtt och d’Selbstkompetenz vun de Kanner beaflosst. Den TeachOut Fuerschungsprojet aus Dänemark weist zB, dass d’Kanner iwwert d’Schouljoer signifikant méi motivéiert bleiwen, wann si dobaussen ënnerriicht ginn. Donieft verbessert sech och hir Konzentratioun, si gi méi selbststänneg an hiert Selbstvertraue geet erop (Bølling et al., 2019).
Ze erwänen ass och d’Sozialkompetenz. Doduerch, dass dobausse méi sozial Interaktioun ass an d’Kanner vill kooperéieren a kommunizéieren, verbessere sech déi sozial Bezéiungen (Bølling et al., 2019).
Zu gudder Lescht léieren d’Kanner dobausse vill iwwert Sujeten, wéi d’Biodiversitéit oder de Klimawandel. Andeems si dës Theme mat alle Sënner an der realer Welt behandelen, an net just Aarbechtsblieder dozou ausfëllen, verhalen d’Kanner noweislech besser (Fägerstam & Blom, 2012). Heibäi schwätzt ee vun der Sachkompetenz.
D’positiv Effekter vum Léieren dobaussen weise sech also op verschiddene Niveauen an et bestätegt sech, dass d’Kanner a villen Hisiichten vun der Schoul dobausse profitéiere kënnen.
- An zu Lëtzebuerg?
-
Obwuel déi positiv Effekter vum Léieren dobaussen jo enorm sinn, huet d’Iddi vun der Schoul dobaussen sech bis ewell nach net richteg an de lëtzebuergesche Schoulen etabléiert an taucht och am Plan d’études net op. Eng Studie aus dem leschte Joer, bäi där eng ronn 250 Enseignanten aus lëtzebuergesche Grondschoule matgemaach hunn, beleet dass am Duerchschnëtt just eng bis zwou Schoulstonnen am Mount dobausse gehale ginn an dass souguer 10% vun den Enseignanten ni mat hirer Klass erausginn (Lipperts, 2022). Par contre ass déi grouss Majoritéit vum Léierpersonal sech de Virdeeler vum Léieren dobausse bewosst a souguer 82% vun hinne géife gäre méi oft mat hirer Klass dobausse léieren. Si betounen awer, dass si sech dofir net ausgebilt fillen an et hinnen oft un Iddien a Material feelt.
Wärend een Deel vum Léierpersonal also ganz motivéiert ass, mee trotzdeem nach bëssen Zäit an Ënnerstëtzung brauch, gëtt et uechtert Land awer och eng Partie Léierinnen a Schoulmeeschteren déi hire Wee eraus aus dem Klassesall scho fonnt hunn an sech trauen dobausse Schoul ze halen. An dësem Dossier thématique fannt dir eng Hellewull vun interessante Projeten: Dir liest, gesitt an héiert, wéi am ganze Land - vum Déifferdeng bis op Wëntger - dobausse geléiert gëtt!
Loosst iech also inspiréieren! An traut iech mat ärer Klass erauszegoen!
“If we want our children to move mountains, we first have to let them get out of their chairs.” – Nicolette Sowder
Text : Julie Lipperts
- Quellenverzeichnis
-
Bisson, C. (1996). The outdoor education umbrella: a metaphoric model to conceptualize outdoor experiential learning methods. Spawning New Ideas: A Cycle of Discovery, 42-46.
Bølling, M., Pfister, G., Mygind, E., Nielsen, G. (2019). Education outside the classroom and pupils’ social relations? A one-year quasi-experiment. International Journal of Educational Research, 94, 29-41.
Fägerstam, E. & Blom, J. (2012). Learning biology and mathematics outdoors: effects and attitudes in a Swedish high school context. Journal of Adventure Education and Outdoor Learning, 13 (1), 56-75.
Fjørtoft, I. (2001). The Natural Environment as a Playground for Children: The Impact of Outdoor Play Activities in Pre-Primary School Children. Early Childhood Education Journal, 29 (2), 111-117.
Jucker, R. & Von Au, J. (2022). Draußenlernen und Bildung für nachhaltige Entwicklung – vielfältig und wirkungsvoll. In R. Jucker & J. Von Au (Hrsg.), Draußenlernen (1. Auflage, 10-32). Hep Verlag.
Kuo, M., Barnes, M., & Jordan, C. (2019). Do experiences with nature promote learning? Converging evidence of a cause-and-effect relationship. Frontiers in Psychology, 10: 305.
Lipperts, J. (2022). The implementation of Outdoor Education in Luxembourgish primary schools: How do Luxembourgish primary school teachers implement Outdoor Education and which factors influence their implementation of Outdoor Education. (Masterthesis, Linköping University). DiVA. http://liu.diva-portal.org/smash/record.jsf?pid=diva2%3A1710289&dswid=-…
Mutz, M. & Müller, J. (2016). Mental health benefits of outdoor adventures: Results from two pilot studies. Journal of Adolescence, 49 (1), 105-114.
Ulrich, R., Simons, R., Losito, B., Fiorito, E., Miles, M., Zelson, M. (1991). Stress recovery during exposure to natural and urban environments. Journal of Environmental Psychology, 11, 201-230.
Von Au, J. (2016). Einführung und Überblick. In U. Gade & J. Von Au (Hrsg.), „Raus aus dem Klassenzimmer“: Outdoor Education als Unterrichtskonzept. (1. Auflage, 13-39). Beltz Juventa.
Wie funktioniert forschen?
Zum Forschen braucht man einen Forschungsplan, immer in 3 Schritten:
- 1. Ideen & Vermutungen formulieren
-
… denn bevor man etwas untersuchen kann, ist es wichtig zu wissen:
was man über die Sache schon weiß,
was man gerne wissen würde und
ob man schon eine Idee davon hat, wie es sein könnte.Dieser Schritt sollte altersgerecht angepasst sein. Die FuDo-Fro bietet hier einen einfachen Einstieg, da die Forschungsfrage schon vorformuliert ist. Wir empfehlen, während dem Arbeiten zu schauen, welche Ideen die Kinder untereinander diskutieren und diese dann gemeinsam zu formulieren und zu notieren. So kann beispielsweise Schritt für Schritt eine Fragewand gestaltet werden.
- 2. Vermutungen überprüfen & dokumentieren
-
… denn dabei kann man die ganze Palette naturwissenschaftlicher Forschungsmethoden austesten.
Wichtig ist in jedem Fall: Alles dokumentieren! Denn nur so wird aus einer ”flotten Aktivität” eine wirklich ”bildende Lernerfahrung”. Da Fuerschen dobaussen richtig Spaß macht, ist die Dokumentation später auch eine schöne Gelegenheit, sich an die gemeinsamen Lernerlebnisse draußen zu erinnern.Hierzu benötigt man sowohl Sprachkompetenzen als auch Mathematik. Es gilt, viele Daten zu sammeln und auszuwerten, Texte und Protokolle zu verfassen. Das heißt am sinnvollsten und nachhaltigsten sind die gesammelten Forschungsergebnisse draußen im Sprachen- und Matheunterricht wieder aufzugreifen.
- 3. Ergebnisse präsentieren & diskutieren
-
Lernerlebnisse werden nur dann zu bildenden Erfahrungen, wenn alle noch einmal zusammenkommen, um ihre Ergebnisse zu präsentieren & über sie zu diskutieren.
Gerade unterschiedlichen Ergebnissen und Gedankengängen sollte Raum und Zeit gegeben werden. Das genau macht wirkliche Forschung letztendlich aus. Denn dort sind unterschiedliche Ansätze und Ergebnisse Motor für Fortschritt!Lernen muss man begleiten
Zum Begleiten kleiner Forscherinnen und Forscher braucht den Mut, sich auf ihre Forschung einzulassen. So kann es sein, dass man vielleicht nicht auf jede Frage direkt eine Antwort findet.
Lässt man sich darauf ein, hat man die Sicherheit, dass die Motivation der Kinder garantiert ist.
Fuerschen dobaussen: Mat alle Sënner - Zesummen - A Beweegung.
Auf der Plattform liegen folgende Formate vor: FuDo-Fro, FuDo-Wee, FuDo-Thema
Die FuDo-Fro ist die kleinste Forschungseinheit von 1-2 Stunden, bei der die Kinder einer einzigen Forschungsfrage nachgehen können.
Der FuDo-Wee ist ein Weg rund um die Schule, durch die Gemeinde oder ein Wanderweg, bei dem mehrere Fragen zu einem Thema an verschiedenen Stationen bearbeitet werden
können.
Das FuDo-Thema ist ein fächerübergreifender Unterrichtsentwurf, bei dem verschiedene Möglichkeiten aufgezeigt werden, an das naturwissenschaftliche Ausgangsthema in anderen Fächern anzuknüpfen.