Fuerschen dobaussen: 
mat alle Sënner - Zesummen - 
A Beweegung!

Webinaire Léieren dobaussen - d'Ëmwelt als Unterrechtsmaterial

Image

Webinaire Léieren dobaussen - d'Ëmwelt als Unterrechtsmaterial

Den Webinar "Léieren dobaussen - d'Ëmwelt als Unterrechtsmaterialden", deen de SCRIPT zesumme mat radio 100,7 an dësem Schouljoer organiséiert huet, ass op vill Interessi gestouss: 917 Enseignanteën an Enseignanten haten sech beim IFEN ageschriwwen, fir d’Emissioun “Léieren dobaussen – d'Ëmwelt als Unterrechtsmaterial” dësen Dënscheg, 14. Juni vu 14.30 bis 16.00 ze lauschteren.

Invitéeën am Studio waren:  

-d'Andrea Fiedler, Erzéiungswëssenschaftlerin an am Konzeptteam vun der Initiativ Fuerschen Dobaussen.   

-d’Véronique Kohnen, Enseignante an den Zyklen 2 bis 4 an am Konzeptteam vun der Initiativ Fuerschen Dobaussen.

-d’Renée Fretz, Enseignante am Zykel 1 zu Wolz.   

-de Pit Mischo, Ex-Schoulmeeschter a Grënner vun der Naturschoul Lasauvage.

Si hunn an der Emissioun, déi vun der Journalistin Christiane Kleer vu radio 100,7 moderéiert gouf, iwwer hier Erfarunge geschwat, wéi ee Wëssen am regulären Unterrecht och ausserhalb vum Klassesall ka vermëttelen.

Déi ganz Emissioun gouf opgeholl. Wee wëll, kann se zu all Moment lauschteren a kucken. Entweder op Youtube https://www.youtube.com/watch?v=NVdZ4BesA1Q oder op Vimeo https://vimeo.com/718292728?embedded=true&source=vimeo_logo&owner=133485257. D’Emissioun fënnt een och op der Websäit vu radio 100,7. www.100komma7.lu